top of page
Logo Musée.jpg

Häerzlech wëllkomm op der Homepage vum Pompjeesmusée an der Géitz zu Nidderwooltz.

 

Nodeem vill Joren iwwert ee Pompjeesmusée geschwat gouf a näischt geschitt ass, hu 4 Pensionären d'Saach an d'Hand geholl an 2018 an engem ale Pompjeesgebai zu Nidderwooltz ugefaangen eng Fënster fir dee Musée opzemaachen. Iddie fir dee grousse Pompjeesmusée sollen awer ni aus den Ae verluer goen. Enn 2018 koumen du nach 2 Kolleegen derbäi. Gemeng Wooltz huet dem Pompjeesverband dat Gebai fir 1 €/ Joer verlount. Sanéierungsaarbechte sinn an hu missen an eegener Regie gemaach ginn, ausser déi Aarbechten, déi vun onse Sponsoren hei finanzéiert goufen.

Merci all deenen, déi un dësem Projet matgeschafft hunn. Et war vill Aarbecht, mä et huet sech gelount.

Merci de Verantwortleche vum Pompjeesverband vir hiert Vertrauen a Merci all de Betriber, déi där Meenung waren, dass et wichteg wier bei dësem Projet aktiv matzewierken.

Den 21. Dezember 2019 ass dunn ee Veräi gegrënnt gi mam Numm: "Frënn vum Pompjeesmusée an der Géitz". De Veräin ass Member vum Pompjeesverband a krut zur Aufgab sech em Gérance vum Pompjeesmusée ze këmmeren, d.h, Fonctionnement vum Musée ze organiséieren an ze garantéieren.

Eng Visite mat enger Grupp ufroen

Newsletter

Merci !

bottom of page